N° 5198

CHAMBRE DES DEPUTES
HEURE D’ACTUALITE au sujet de
LA SCOLARISATION ET DE L’ENCADREMENT DES ENFANTS
ATTEINTS DE L’ADHS (Attention-Deficit / Hyperactivity Syndrom)
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Kanner mat engem ADHS-Stéierungsbild oder esougenannte Zappelphilippen ginn oft zu Onrecht stigmatiséiert. Si ginn en nët einfache Leidenswee, grad esou hiert Ëmfeld, hir méi oder manner verzweiwelt Elteren, d’Famill , d’Schoul oder de Frëndeskrees. Eng vun de Schwieregkeeten ass sécherlech fir esou fréi wéi méiglech eng kloer Diagnos vun dëser psychescher Stéierung, déi schon am Kandsalter ufänkt, z’erstellen. Et handelt sech hei em en multifaktoriellt a komplext Stéierungsbild mat enger gewëssener ierflecher Virbelaaschtung an engem Stoffwiessel, gezeechent, wéi mer héiren hunn, duerch verschidden Symptomer (Onopmierksamkeet, e Mangel un Konzentratioun, Onrouh, Ongedold, Impulsivitéit an en ausgeprägten Bewegungsdrang.) Och d’Ëmfeld, psycho-sozial Facteuren esou wéi relationnell a Kommunikatiouns-Gegebenheeten an der Famill spillen mat. Doriwer eraus kënnen sech nach weider psychesch Symptomer entwëckelen an d’Kanner hunn nët ëmmer eng pur ADHS-Symptomatik. (Esou kënnen z.B. Wahrnehmungsstéirungen, motoresch Schwieregkeeten, Agressivitéit, Depressiounen). Et kann awer och nët einfach all Problem vun engem Kand an den ADHS-Tirang klasséiert ginn! Et ass also äussert Viirsicht an Gewëssenhaftegkeet bei der Diagnos gebueden, wouzou och eng genee Erfaassung vun der Viirgeschicht, d.h. eng détailléiert Anamnèse gehéiert. 3-5% vun alle Kanner weisen Symptomer am Sënn vun ADHS op an d’Jongen sinn 3-4 mol méi heefeg betraff wéi d’Meedercher. Daat kann esouguer bis an den Erwuessenenalter undaueren. Je no Schwéiregrad vun dem Stéierungsbild muss eng multimodal Approche ugewandt ginn, daat heescht eng Therapie déi sech aus eenzelen Elementer zesummensétzt, déi, je no Bedarf, wéi Bausténg individuell kënnen kombinéiert ginn, déi dem Kand esou weit wéi méiglech e „normalt“ Liewen erméiglechen soll. Engerseits hu mer di medikamentös Therapie, déi awer nët fir all betraffend Kand erfuerdert ass, mee déi je nodeems d’Kand eréischt opnamefäheg mécht fir eng aner Therapie unzegoen. Do gëtt meeschtendeels längerfristeg den Wirkstoff Methylphenidat (Ritalin, Concerta), deen als Psychodrog agestuft ass, verschriwwen, fir ëmmerhin ëm déi 1.500 Kanner. Entretemps gëtt et nach en neit Medikament an zwar Strattera, dat nët ënnert Stupéfiants-Gesetz fällt. Anererseits hu mer eng ganz Rei Therapien, vun der Spilltherapie, iwert Psychmotorik an Ergotherapie bis zur Verhalenstherapie an dem sozialen Kompetenztraining. Sozial Kompetenzen kënnen awer och iwert eng Integratioun an verschidden Veräiner gefördert ginn, wéi Gesank, Theater, Museksschoul, Jugendveräiner oder Sport, esou Reiden, Schwammen a Kampfsport. Doduerch fillt d’Kand sech nët esou stigmatiséiert. De Schoulparcours vun den betraffenen Kanner ass oft schwiereg, wann och di grouss Majoritéit an hirer Schoul kënnen ageschoult bleiwen. Si falen an der Klass op, stéiren den normalen Oflaaf vum Schoulunterricht. Verschidden Symptomer riskéiren esouguer sech ze verstärken. Am Kader vun der Schoul verfügen mer zënter der Schoulreform iwert den Réseau vun den multiprofessionnellen Equipen, waat jo déi fréier Services de Guidance de l’Enfance zesummen mam Service RÉ-éducatif Ambulatoire, besser als SREA bekannt, an nach anerer sinn. Je no Schwéiregrad vun den Symptomer a je no Alter muss gekuckt ginn ob aner Schoulprojètën mam Kand mussen ugaangen ginn.Op Grond vun engem Dossier deen vun der Kommisssioun vun der inclusion scolaire (CIS), wou och d’Elteren matagebonnen ginn, kuckt di national Commission médico-psycho-pédagogique ob d’Kand soll an eng spezial Schoul vum differenzéierten Unterricht hei zu Lëtzebuerg oder esouguer an en Institut an d’Ausland goen, wou den Staat d’Käschten kann iwerhuelen. Et ass ganz wichteg dass d’Léierpersonal an all di concernéiert Professionnell iwert Kenntnisser zur ADHS-Stéirung verfügen, (déi se entweder während der Basisausbildung oder duerch eng Formation continue kritt hunn). Ech well drun erënneren dat schon 2003 en CD „ADS in der Schule“, (Aufmerksamkeits-Defizit-Syndrom bei Kindern und Jugendlichen im Schulalter), vum SCAP (Service de Consultation et d’Aide Psychomotrice) mat Hëllef vum Edukatiouns-Ministär erauskomm ass, deen sech un d’Léierpersonal, daat edukativt Personal an un d’Elteren adresséiert (an deen vun Expèren zesummegestallt gouf). 4) WÉI KANN DEN ENCADREMENT SOSS NACH GARANTÉIERT Den Encadrement duerch d’Elteren ass e Pilier an deem Ganzen. Hei
gehéiren Erzéiungskonzepter, ugefaang mat der Opklärung vum Kand
iwert seng Stéirung, iwert kloer Erzéiungsregeln mat engem
strukturéierten Dagesoflaaf ouni d’Kand z’iwerfuerderen , eng positiv
Approche, déi et him och erméiglecht emol eng Auszäit ze huelen, wou et
sech nees berouegen kann, bis hin zur Förderung vun senger
Selbststännegkeet. Eng seriös Informatioun vun den Elteren iwert ADHS
an Elterentraining sinn grad esou wichteg.
Mir hunn zu Lëtzebuerg eng breet Palette vun Strukturen, wéi z.B.
Berodungszervisser, déi mam Ministère de la Santé, respektiv mam
Familljeministär konventionnéiert sinn. Och den Service vun der
Jugendpsychiatrie um Kirchbierg an den Service de pédopsychiatrie am
Centre Hospitalier huelen sech deër Problematik un, niewt deenen villen
Selbststännegen.
Ech well virun allem op de SCAP hiweisen, deen vum Education
Nationales-Ministär ënnerstétzt gëtt, an deen sech besonnesch deene
betraffene Kanner zwëschen 4 an 18 Joer unhëllt fir d’Diagnose an
d’Behandlung - leider mat zimlechen Waarde-Délaiën (zu Lëtzebuerg an
deen huet och 2 Antennen zu Tandel an zu Housen)
. Ganz oft gëtt den
Air-Tramp als therapeutescht Mëttel agesaat;do gëtt eng extra Formatioun
vun 20 St iwert den SCRIPT ( Service de Coordination de la Recherche et
de l’Innovation Pédagogiques et Technologiques) ugebueden.
Ervirzestreichen ass, dass mer hei am Land entretemps iwert e quasi flächendeckend Netz vun Air-Trampen verfügen déi entweder vum Staat, de Gemengen oder privaten A.s.b.l.ën bedriwwen ginn. stelle mer fest datt et hei schon vill Méiglechkeeten ginn fir deene Kanner mam ADHS-Syndrom ënnert d’Ärm ze greifen.  Besonnesch wichteg ass dofir eng beschtméiglech Koordinatioun vun deenen verschiddenen Hëllefsmoossnamen, Intervenantën an den zur Verfügung stoenden Lokaler, esou och d’Vernetzung vun der schoulescher an der ausserschoulescher Beträiung, mam Ziel vun enger schoulescher a sozialer Integratioun.  Weider wier z’iwerpréiwen, am Verglach mam Ausland, ob verschidden Leeschtungen vun hei oder aus dem Ausland nët missten vun der Gesondheetskees iwerholl ginn.  Sécherlech wärt d’Reform vun der Schoulmedezin, déi mer demnächst hei an der Chamber diskutéiren, hirt derzou bäidroen, daβ d’Diagnos vum ADHS wéi vun aneren gesondheetlechen Problemer méi fréizäiteg a méi differenzéiert getraff kann ginn, well se sétzt jo op eng verstärkt Zesummenaarbecht vun allen Acteuren aus der Schoul. (der Equipe médico-socio-scolaire mat dem Léierpersonal an den multiprofessionnellen Equipen aus der Schoul. )  D’Formation continue esouwuel vum Léierpersonal, vun den Akteuren vun der Schoulmedezin an den aneren Professionnellen sollen onbedingt verstärkt ginn.  Och soll di wëssenschaftlech Recherche zu deem Thema gefördert ginn an op internationalem Niveau suivéiert ginn.

Source: http://csv.lu/files/upload/actualites/5414/SYLVIE_ANDRICH_ADHS_.pdf

Ernährung5.indd

Chemical composition, antimicrobial activities and olfactory evaluations of an essential marjoram oil from Albania as well as some target compounds Chemische Zusammensetzung, antimikrobielle Aktivitäten und olfaktorische Beurteilungen eines ätherischen Majoranöls aus Albanien sowie einiger Schlüsselkomponenten L. Jirovetz, S. Bail, G. Buchbauer, Z. Denkova, A. Slavchev,

Microsoft word - ~7622457.doc

DYSPORT ( Clostridium botulinum type A toxin-haemagglutinin complex) Consumer Medicine Information What is in this leaflet? • an allergy to any of the ingredients This leaflet answers some common questions about Dysport. It does not contain all the available information. It does not take the place of talking to your doctor or pharmacist. All medic

Copyright © 2010-2014 Online pdf catalog